Léif Supporter, léif Spiller, léif Spillerinnen,
Nodeems déi lescht Saison am Basket vun engem Dag op deen aneren opgehal huet, huet dës Saison leider net vill besser ugefaang. Ech wëll och net méi vill op déi lescht Saison agoen, mee ech wollt op dësem Wee nacheemol all deene Leit Merci soen, déi vill Zäit opbréngen a mat ganzem Häerz beimZolwerbasket derbäi sinn: eise Spiller a Spillerinnen, eisen Trainer, alle Fräiwëllegen, déi all Weekend hëllefen, den Elteren, déi hir Kanner ëmmer nees féieren, der Musek, menge Leit aus dem Comité an do speziell dem Alex an dem Christiane Nick, déi mär e gesonden Veräin iwwerlooss hunn, an zu gudder Lescht äerch alleguer, déi eis Ekippen all Weekend ënnerstëtzen. Merci dofir.
Dës Saison huet ënnert kengem gudde Stär ugefaang an et ass haut och nach net gewosst, wéi se weider geet. Natierlech ginn eis Spiller alles, fir dass dës Saison en Erfolleg gëtt, a mär wäerten et netzouloossen, eis nach eemol mat engem Trouschtpräis zefridden ze ginn. Ech hoffen, dass mär dës Saison nach op engem sportleche Wee ofschléisse kënnen an den Opstig an d’Total League packen. Dohinner gehéiert den AS Zolwer.
Dofir soen ech äerch Merci, bleift all gesond an ech hoffen, dass mär geschwënn nees vill flott Momenter bei eis um Knapp zesumme feiere kënnen.
Olivier Block
Pour simplifier le paiement à la buvette lors de nos matches et garantir un service plus rapide. Le comité a décidé d’utiliser des cartes prépayées (photo). Le montant non utilisé sur la carte vous sera remboursé. Bientôt, il sera également possible de payer via le code QR de PAYCONIQ.
Fir d’Bezuelung an der Buvette wärend eise Mätscher a fir ze vereinfachen a méi séier Service ze garantéieren. De Comité huet decidéiert, Prepaid Kaarten ze benotzen (Foto). Den onbenotzte Betrag op der Kaart gëtt Iech rembourséiert. Geschwënn ass et och méiglech iwwer de PAYCONIQ QR Code ze bezuelen..